Offers “Ernst & Young”

Expires soon Ernst & Young

Entdeck EY!

  • Luxembourg

Job description

Entdeck EY!

Du studéiers Finanzen, Ekonomie oder Comptabilitéit an du bass op der Sich no enger Carrière déi dir exzeptionell Experienzen bitt?

Den 14ten Abrëll invitéieren mir um 16 Auer exklusiv 20 Studenten an eisem neien Gebai um Kierchbierg fir hinnen eis Firma virzestellen an Employéen op engem Cocktail kennen ze leieren.

EY ass eng global Firma, déi an den Beräicher Advisory, Assurance, Tax an transaction services täteg ass. Mir setzen eis an, fir eisen Client'en ze hëllefen hiert Potential ze erreechen. Zesummen deelen mir déi selwecht Valeuren fir eisen Clienten een exzeptionnellen Service ze offréieren.
EY ënnerstëtzt dech däin Potential ze erreechen egal wou's du ob der Welt bass – perséinlech an och professionell. Eis Equipe bidd dir Experienzen, an hellt dech motivéiert duerch seng Unzuel vun renomméierten Firmen mat deenen mir zesummeschaffen. Niewent dem Job an dem du perséinlech Responsabilitéit muss iwwerhuelen, ënnerstëtzt EY dech an dengem professionellen Developpement. Mir bidden dir Flexibilitéit an dengem perséinlechen Planning fir dass du entscheeden kanns wat wichteg ass, privat mee och professionell. Dein Point de vue, deng Energie an Enthusiasmus sinn déi Valeuren dei bei eis den Ënnerscheed maachen.

Den Audit Département gëtt Organisatiounen an hiren Investoren d'Vertrauen, dass d'Publikatioun vun hirem Resultat der tatsächlecher Situatioun vun der Firma entsprécht. Auditeur bei EY, heescht schaffen an engem performanten Team wat sur-mesure op d'Attente vun senge Client'en zesummegestallt gëtt. Doduerch leiers du däin Potential ze developpéieren, egal wou's du ob der Welt ënnerwee bass. Komplex Sujeten ginn vun enger Equipe vun Spezialisten traitéiert déi dech entouréieren an zesummen mat dir Léisungen fir den Client fannen.

Desired profile

Däin Profille:

- Du hues e Master Ofschloss mat enger Spezialisatioun am Audit, an den Finanzen, an der Ekonomie oder an der Comptabilitéit;
- Du schwätz fléissend Englesch, Franséisch an/oder Däitsch
- Du bass een Team-Player
- Du bass organiséiert, flexibel an fäheg d'Iwwersiicht ze halen bei enger Unzuel vun Projeten.

Make every future a success.
  • Job directory
  • Business directory